Vidéos métiers

18 résultat(s) trouvé(s) Voir en premier:
    • Automobile

    De Mechatroniker këmmert sech haaptsächlech ëm d'Abetriebhuelen an em d'Maintenance vu Maschinnen an Anlagen, deenen hir Konzeptioun a Funktiounsweis gläichzäiteg de Fachgebidder Mechanik, Elektronik an Informatik zougeuerdent ginn.

    • Bâtiments et travaux publics, Construction

    De Klempner këmmert sech haaptsächlech ëm d'Hierstellung an de Montage vu Blechbaudeeler aus Stol, Koffer, Messeng, Zénk, Bläi, Aluminium, Edelstol a syntheteschem Material.

    • Pour jeunes

    Ouni Diplom rëm zeréck an d'Schoul? D'Schoul ofgebrach? Bei eis fannt Dir d'Hëllef fir rëm den Uschloss ze fannen.

    • Bâtiments et travaux publics, Construction

    De Charpentier këmmert sech haaptsächlech ëm d'Hierstellung an de Montage vu Bauelementer aus Holz, wéi Daachstill, Biedem a Plaffongen. Hie kann och am Bau vu Scheieren, Bierghütten, Trapen a Booter bedeelegt sinn.

    • Santé, Médical

    L'infirmier est la personne de référence pour le patient pendant tout son séjour dans une institution de soins. Il assure, guide, encadre et entoure le patient.

    • Chimie, Pharmacie

    Den Apdikterassistent këmmert sech haaptsächlech ëm d'Berodung vum Client an de Verkaf vu Medikamenter a pharmazeutesche Präparater. Hien kontrolléiert awer och d'Lager vun de pharmazeutesche Produiten a stellt ënnert der Opsiicht vum Apdikter och Medikamenter a Präparater hier.

    • Industrie, Production

    Den Industrie- a Maintenancemechaniker këmmert sech haaptsächlech ëm d'Maintenance vu Maschinnen an industrielle Fabricken déi aus elektreschen oder elektromechaneschen, hydrauleschen Elementer vun der Produktiounsketten zesummegesat sinn.

    • Construction aéronautique, ferroviaire et nautique

    De Fligermechaniker ass eng villsäiteg Fachkraaft, déi hier Kenntnisser an de Beräicher Mechanik, Elektronik an Informatik asetzt, fir Fligeren a Stand ze halen.

    • Hôtellerie, Restauration

    De Metzler-Fleescher këmmert sech haaptsächlech ëm d'Zerleeung an d'Veraarbechtung vum geschluechte Véi. Hien bereet d'Fleesch fir de Verkaf vir a stellt Wurscht a Reecherproduiten sou wéi aner Fleeschproduiten hier.

    • Bâtiments et travaux publics, Construction  - Electronique, Electrotechnique - Energie, Eau

    Den Elektriker këmmert sech haaptsächlech ëm d'Plangen, de Montage an d'Maintenance vun elektreschen Instrumenter an Apparater. D'Ubréngen, d'Uschléisse vu Luuchten, d'Verleeë vu Leitungen iwwert an ënnert dem Botz, d'Installéiere vu Klimaanlagen, Stroumversuergung- a Schaltanlage gehéieren och zu sengen Tâchen.

    • Agriculture - Environnement

    De Blummegäertner këmmert sech haaptsächlech ëm d'Produktioun vu Blummen an ëm d'Hierstelle vu Sträiss, déi fir de Verkaf als Dëppeblummen oder Wunnengsplanzen oder fir d'Weiderverplanzung gebrauch ginn.

    • Hôtellerie, Restauration

    Le boulanger-pâtissier s’occupe principalement de la production de différentes sortes de pain et petits pains et de la préparation de viennoiseries, de gâteaux, de tartes et tartelettes et d’autres desserts et produits sucrés. Dans la vente, il sait informer et conseiller les clients.

    • Electronique, Electrotechnique - Informatique, Numérique, Réseaux, Télécommunications

    Softwareentwéckler/innen analyséieren, plangen, entwéckelen an implementéieren informatiounstechnesch Uwennungen an Softwarebausteng (Datebanken, Programmer).

    • Santé, Médical

    De Krankefleeger schafft am Beräich Neigebuerenenbetreiung, - versuergung an -fleeg. Hie bekëmmert sech souwuel ëm gesond wéi och ëm krank Patienten a spillt oft d'Roll vum Vermëttler tëscht Kand an Erwuessenen.

    • Artisanat d’art, Culture

    De Florist këmmert sech haaptsächlech ëm d'Hierstelle vu Blummengestecker, -kränz an -arrangementer fir de Bannen- a Bausseberäich.

    • Bâtiments et travaux publics, Construction

    De Plätterchersleeër këmmert sech haaptsächlech ëm d'Bekleede vu Biedem, Maueren, Plaffongen an Trapen am Bannen- a Bausseberäich mat Placken a Plättercher aller Aart.

    • Ingénierie

    De berodenden Ingenieur schafft am Beräich Analyse, Konzeptioun, Planung an Ëmsetzung vu Projeten an de Beräicher Raumplanung, Urbanismus, Bau an Infrastrukturen.

    • Hôtellerie, Restauration

    De Bäcker këmmert sech haaptsächlech ëm d'Hierstelle vu verschiddene Brout- a Bréidecherzorten.