Deng Zukunft däi WEE

Infobourse vir Jonker an Elteren

Vir 2020 organiséiert d'Gemeng Bettembourg, de Point Info jeunes, de Jugendtreff Kayl an de Service national de la Jeunesse déi 4. Editioun vun Deng ZUKUNFT däi WEE zu Bettembourg an der Sportshal.

Et handelt sech ëm en Informatiounsdag, wou s du an déng Eltere kënnen all méiglech Informatiounen zu verschiddene Beruffer, Ausbildungen, Léierplazen, Formatiounen, Studentenjob, Service volontaire etc. kréien.

Du hues och d'Chance mat verschiddenste Servicer a Kontakt ze kommen, déi jonk Leit an hirem Engagement vir eng Léier, Beruff, Fräiwëllegendéngscht, Formatiounen etc. begleeden a betreien.

Ausserdeem kanns du och Erklärunge kréie wéis de dech op Platze mellen a virstelle kanns oder eemol deng Interessi zesumme gebündelt kriss.
Alles an allem kriss du wichteg Informatiounen, wéis du däin nächste Schrëtt bescht méiglech kanns ugoen.

Mir hoffen dech den 19. Februar 2020 zu Bettembourg begréissen ze kënnen an dir bei dénge Froen zur Säit kennen ze stoen.

www.alj.lu

Aktualiséiert